Soirée du Sport Automobile 2017 vum 20. Januar 2018

Publié le 21/01/2018

Soirée du Sport Automobile 2017 vum 20. Januar 2018
Automobile
Den 20. Januar 2018 gouf zu Munneref am CHAPITO vum Casino 2000 traditionell den ACL Gala fir d'Automobilsportler organiséiert.

Nieft de Laureaten, hate sech och vill aner Frënn vum Automobilsport hei versammelt, fir op Invitatioun vum Directoire vum ACL Sport e flotten Owend zesummen ze verbréngen.  

Duerch den Owend gefouert huet de Christian Schmit. Nodeems de President vum Directoire, de Marc Joseph, d'Lauréaten an d'Gäscht wëllkomm geheescht huet, goufen dann als éischt d'Karting-Pilote geéiert. De Kartsport ass dacks den éischte Kontakt mam Automobilsport fir zukünfteg Piloten aus dem Bierg-, Circuit- oder Rallyesport. Dofir wäert de Karting och weiderhin eng wichteg Roll an de Pläng vum ACL Sport spillen.

Lëscht vun de Laureaten

Am Laf vum Owend, goufen no klengere Pausen, wou ee sech de kulinaresche Rafinesse konnt widmen, no an no d'Gewënner vun den diverse Championnater am Slalom, Biergcourse, Circuit a Rallye fir hir gutt Leeschtungen ausgezeechent. 

Net vergiess goufen natierlech och d'Ecurien, déi d'Coursen hei am Land organiséieren. Et ginn der leider ëmmer manner, dofir ass et dem ACL Sport ëmsou méi wichteg, hinne fir hir Aarbecht Merci ze soen.

Um Enn vum Owend gouf et dunn nachemol richteg spannend. Et goung nach drëm den "Autosportler vum Joer 2017" bekannt ze ginn. Et gouf en Online-Voting op www.aclsport.lu, wou jidderee sengem Favorit seng Stëmm konnt ginn. Bei déi Stëmme, koumen dunn nach déi vun de Vertrieder vun der aler Commission Sportive, an déi vun de Membere vun der Journalistevereenegung LMWA (Luxembourg Motorsport Writers Association) derbäi.

Grousse Gewënner war hei den Dylan Pereira, deen d'Saison 2017 op enger exzellenter 8. Plaz am Porsche Mobil 1 Supercup konnt ofschléissen. Och nach um Podium vum Autosportler vum Joer waren d'Rallye-Championen Yann Munhowen/Steve Lanners, firum Kevin Peters, 6. an der Autocross-Europameeschterschaft 2017.

No dem offiziellen Deel gouf dunn an engem gemittleche Kader nach vill iwwert den Automobilsport diskutéiert a philosophéiert, an den Owend gouf an enger gutt gelaunter Ambiance ausklénge gelooss.

D'Impressiounen vun deem flotten Owend fannt dir hei:
 


Vers le haut