Automobile

Soirée du Sport Automobile 2016 vum 21. Januar 2017

Publié le 23/01/2017 dans Commission Sportive | 0 commentaires

Nieft de Laureaten, hate sech och vill aner Frënn vum Automobilsport hei versammelt, fir op Invitatioun vun der Commission Sportive vum ACL e flotten Owend zesummen ze verbréngen.  

Duerch den Owend gefouert huet de Paul Christ. Nodeems de President vun der Commission Sportive, de Lucien Franck, d'Lauréaten an d'Gäscht wëllkomm geheescht huet, goufen dann als éischt d'Karting-Pilote geéiert. De Kartsport ass dacks den éischte Kontakt mam Automobilsport fir zukünfteg Piloten aus dem Bierg-, Circuit- oder Rallyesport. Dofir wäert de Karting och weiderhin eng wichteg Roll an de Pläng vun der Commission Sportive spillen.

Lëscht vun de Laureaten

Am Laf vum Owend, goufen no klengere Pausen, wou ee sech de kulinaresche Rafinesse konnt widmen, no an no d'Gewënner vun den diverse Championnater am Slalom, Biergcourse, Circuit a Rallye fir hir gutt Leeschtungen ausgezeechent. 

Net vergiess goufen natierlech och d'Ecurien, déi d'Coursen hei am Land organiséieren. Et ginn der leider ëmmer manner, dofir ass et der Commission Sportive ëmsou méi wichteg, hinne fir hir Aarbecht merci ze soen.

Um Enn vum Owend gouf et dunn nachemol richteg spannend. Et goung nach drëm den "Autosportler vum Joer 2016" bekannt ze ginn. Et gouf en Online-Voting op www.aclsport.lu, wou jidderee sengem Favorit seng Stëmm konnt ginn. Bei déi Stëmme, koumen dunn nach déi vun de Vertrieder vun der Commission Sportive, an déi vun de Membere vun der Journalistevereenegung LMWA (Luxembourg Motorsport Writers Association) derbäi.

Grousse Gewënner war hei de Steve Fernandes, den sëch no 2010 fir déi zweete Kéier den Titel an der Lëtzebuerger Rallye-Meeschterschaft geséchert huet. Och nach um Podium vum Autosportler vum Joer waren de Rallye-Equipage Jacques Gregorius/Andy Brücker, firum aktuelle Biergchampion an der Kategorie 1 Canio Marchione.

No dem offiziellen Deel gouf dunn an engem gemittleche Kader nach vill iwwert den Automobilsport diskutéiert a philosophéiert, an den Owend gouf an enger gutt gelaunter Ambiance ausklénge gelooss.

D'Impressiounen vun deem flotten Owend fannt dir hei:

Poster un commentaire

( L'email ne sera pas affiché )

Entrer les 2 mots dessous, avec ou sans un espace.
Les lettres sont non sensitives
Pas possible de lire ? Essayer un autre

Sur le même sujet

Excellent début de saison pour Gary Hauser

Circuit

Excellent début de saison pour Gary Hauser

Le week-end du 26/27 avril a eu lieu sur le circuit de Mugello la deuxième manche de la série internationale "BOSS GP" avec la participation du jeune luxembourgeois Gary Hauser.

Premier rendez-vous réussi pour le TCR Benelux

TCR Benelux

Premier rendez-vous réussi pour le TCR Benelux

La date très attendue des 21 et 22 mai arrive à grands pas avec le lancement du TCR Benelux, soit la renaissance des courses de sprint pour voitures de tourisme dans les plats pays. Avant que les différentes équipes ne mettent le cap vers le Circuit de Spa-Francorchamps, un premier rendez-vous leur a été donné ce jeudi dans les dunes néerlandaises, à deux pas de la Mer du Nord, pour le Press & Test Day du TCR Benelux. Dans le paddock du Circuit Park Zandvoort, impossible évidemment de ne pas voir que le TCR Benelux est bien devenu une réalité. Et sur la piste, les participants ont donné un avant-goût de ce à quoi le TCR Benelux ressemblera.