Automobile
Bei der 2. Manche vum Lëtzebuerger Rallye-Championnat konnt den Duo Yann Munhowen/Steve Lanners sech als 5. am General am beschte plazéieren.
De Rallye des Ardennes ronderëm Dinant war nom Saarland-Rallye den zweete Rallye vum Lëtzebuerger Championnat. Bei dësem Rallye waren vill Lëtzebuerger Equipagen um Depart, si sollten awer leider net all ukommen.
Beim Rallye des Ardennes kann ee sech schonn am Virfeld ëmmer drop freeën, dass vir Spektakel gesuergt ass, an dat war och dëst Joer net anescht.
De Parcours war komplett anescht wéi dat Joer virdrun an et goung iwwer ganz selektiv a virun allem séier Specialen.
Moies hat de Rallye dann och schonn fir éischt Iwwerraschunge gesuergt, wéi et ugefaangen hat mat reenen an den Terrain domat nach méi schmiereg gouf, wéi en eh schonn ëmmer ass. De richtege Pneuechoix war hei wichteg, grad wéi d'Vertrauen a seng Notten.
Op der 1. Special ass de Yann Munhowen op sengem Subaru Impreza STI (aus dem Haus GP Performance) déi bescht Zäit vun de Lëtzebuerger gefuer, knapp virum Steve Fernandes um Peugeot 207 S2000.
Iwwerraschend séier war hei de Jacques Gregorius um Ford Fiesta R200 mat enger 11. Zäit am General vun der Divisioun 4. Hie behaapt sech nach viru Gengler/Gengler (Mitsubishi Evo9), Rollinger/Arens (Peugeot 207 S2000) a Jacoby/Mersch (Citroën DS3R3max).
Op der 2. Speciale waren et de Steve Fernandes an Andy Heischbourg um S2000 déi am Séierste waren (Plaz 4 am General).
Op Plaz 6 am General war et den Duo Jacques Gregorius/Andy Brücker um klenge Fiesta R200, déi eng weider Kéier fir staunend Gesiichter ënnert de Pilote gesuergt hunn. Déi schwiereg Wiederkonditioune loungem dem Jacques an dem Fiesta wéi et schéint.
No der 1. Boucle vu 5 Specialen loung de Steve Fernandes op Plaz 5 am General, 10 Sekonne virum Yann Munhowen op Plaz 6.
Op Plaz 8 koum de Jacques Gregorius, 2 Sekonne virum Tommy Rollinger op Plaz 9.
D'Top 10 komplettéiert gouf vum Patrick a Katia Gengler mat 12 Sekonne Réckstand op den Tommy Rollinger an den Daniel Arens.
De Gilles Jacoby ass mam Joe Mersch gefuer, déi Kéier awer net wéi gewinnt um Citroën C2R2max. Hien huet sech kuerz virum Rallye e Citroën DS3R3max kaf, mat deem en hei eng éischte Kéier iwwerhaapt gefuer ass. Et huet deementspriechend e bësse gedauert bis e seng Repère fonnt hat. No den éischte 5 Speciale loung hien op Plaz 16 an der Divisioun 4.
De Bob Kellen war um Ardennes nees mam Nathalie Hoffmann am Asaz. Eigentlech hat hie geplangt säin nei opgebaute Ford Escort kënnen ze testen. Den Auto ass awer nach net ganz fäerdeg a sou huet hien op säi Ford Fiesta R2T zeréck gegraff. Hien war awer vun Ufank un net richteg zefridde mat sengen Zäiten.
Et huet sech eraus gestallt, dass am Schlauch vu sengem Turbo e Lach dra war, wouduerch de Fiesta net seng voll Leeschtung konnt entwéckelen. Dee Problem sollt iwwert de Rallye ëmmer méi grouss ginn. Si loungen op Plaz 22 no 5 Specialen. Den Yves Kremer war wéi gewinnt mam Georges Goedert um klenge Peugeot 106 gefuer. Si haten eng duerchwuessen 1. Boucle... bei där se op der 4. Special een Tour am Rundkurs zevill gefuer waren. Si leien op Plaz 26 no de 5 éischte Specialen.
Op der 2. Boucle sollt et dunn zu enge sëllechen Ausfäll komme bei de Lëtzebuerger Equipagen... Déi zwee Peugeot 207 S2000 vum Steve Fernandes an Tommy Rollinger hu musse wéinst technesche Problemer Forfait erklären.
Schrauwe vum Berceau déi lass gaange waren, respektiv Problemer mat dem Pont oder Spär hu verhënnert, dass déi zwee Autoen aus dem Garage Fernandes vun Ell de Rallye konnen op en Enn fueren.
Och de Gilles Jacoby an de Joe Mersch hu mussen den DS3 ofstellen, nodeems se an engem Feld gelant waren. D'Lenkung war gebrach... Domat war den 1. Ausfluch um Ex-Auto vum Armand Fumal méi séier eriwwer wéi erhofft.
Domat hat sech och am General dat eent oder anert geännert. De Yann Munhowen an de Steve Lanners um Subaru klammen op Plaz 5 am General, 46 Sekonne virum Patrick a Katia Gengler.
Op Plaz 8 de Jacques Gregorius an Andy Brücker, nëmmen 1 Sekonn hannert dem Jim van de Heuvel um Mitsubishi EvoX. De Bob Kellen an d'Nathalie Hoffmann leien op Plaz 16 bal 4 Minutten hannert Gregorius/Brücker. Den Yves Kremer an de Geoges Goedert loungen deen Ament op Plaz 22.
Op der leschter Boucle sinn du just nach 4 Speciale gefuer ginn, an hei gouf et nachemol kriddeleg, well et dunn och nees ugefaangen hat mat reenen. Do virdru war et awer och nach neutraliséiert Zäite gi fir verschidden Equipagen. Dat war de Fall op der SS11 well do en Accident geschitt war... an op der SS12 waren aner Equipage betraff well d'Special gestoppt gouf, nodeems et ënnert den Zuschauer zu Kläppereie komm war.
Op der SS13 huet et dunn nees ugefaange mat reenen an déi mannst haten dofir déi richteg Pneuen opleien. D'Zäite sinn nachemol e gudde Strapp méi lues ginn, am General sollt sech awer näischt méi änneren. De Yann Munhowen an de Steve Lanners fueren als 5. iwwert de Schlusspodium a ginn domat déi beschte Lëtzebuerger. No der Sortie op der 1. Special vum Rallye du Condroz dat lescht Joer, wou de Subaru Impreza nawell zolitt gelidden hat, war d'Freed iwwert dat gutt Resultat beim 1. Rallye vum Joer 2016 ëmsou méi grouss. An der Euro-Rally-Trophée ass et och Plaz 1 fir de Yann Munhowen.
De Patrick an d'Katia Gengler komme mam Mitsubishi Evo9 op Plaz 7, 37 Sekonnen hannert dem Subaru Impreza. An der ERT ass et fir de Patrick Plaz 2 bei de Piloten an fir d'Katia Plaz 1 bei de Copiloten.
Op Plaz 8 kommen de Jacques Gregorius an den Andy Brücker um Ford Fiesta R200. Si gewannen och hir Klass a ginn den éischte Fronttriebler ënnert lauter Allradler an der Divisioun4. An der ERT ass et Plaz 3 fir de Jacques bei de Piloten a Plaz 2 bei de Copilote fir den Andy.
De Bob Kellen an d'Nathalie Hoffmann landen op der 14. Plaz a ware frou, dass si de Fiesta trotz futtissem Schlauch op d'Arrivée bruecht hunn. An hirer Klass gi se déi Drëtt. Fir de Bob war et um Enn d'Genugtuung ze gesinn, dass déi 3 Ford Fiestaen, déi hien an den Ateliere vu Wengler Racing gebaut huet, allen dräi um um Podium an der Klass 4-12 stoungen (Gregorius, Beaujot (Ex-Arellano), Kellen).
Den Yves Kremer an de Georges Goedert stinn um Enn als 18. am Palmarès vun der Divisioun4, nodeems se e ganz mouvementéierte Rallye hannert sech haten, a wou se och déi eng oder aner Kéier hire viischte Pare-Choc hu mussen an d'Botanik (oder d'Waasser) siche goen.
Fir d'Lëtzebuerger Championnat ginn d'Divisioun123 (Rallye-Autoe mat Stroossepneuen) an d'Divisioun4 (mat Racingpneuen) zesummegezielt fir e cumuléierte General.
Da gesäit et folgendermooossen aus:
5) Munhowen/Lanners
7) Gengler/Gengler
9) Gregorius/Brücker
26) Kellen/Hoffmann
55) Kremer/Goedert
Abandon:
Fernandes/Heischbourg
Rollinger/Arens
Jacoby/Mersch
Am Championnat läit elo den Duo Jacques Gregorius/Andy Brücker (85,5) mat just 0,5
Punkte Virsprong virum Patrick a Katia Gengler (85 Punkten).
PDF: Punkten nom Rallye des Ardennes 2016