Automobile
Bei dem 1. Laf vum Lëtzebuerger Championnat, haten d'Equipagë mat ganz schwierege Bedingungen ze kämpfen.
Op de Strecke mat immens vill Bulli konnt de Patrick Gengler säi Virdeel vum Allrad ouni grouss Iwwerraschung ausnotzen. Hie kënnt um Mitsubishi Evo9 zesumme mam Katia Gengler op Plaz 16 am General, an domat och op Plaz 1 vun de Lëtzebuerger.
De Gilles Jacoby an de Joé Mersch si réicht spéit um Rallye sou richteg a Form komm. Si ginn um Enn déi 28. op hirem Citroën C2R2max, nodeems si op de leschte Speciallen nach un dem amtéierende Champion Jacques Gregorius konnten erlaanscht zéien.
Freides war de Rallye scho bal fir den Duo Gregorius/Brücker gelaf, nodeems si an der 1. Ronn vum Stadtrundkurs en Trottoir ze pake kruten a sech en Triangel verbéit hunn. Am Service konnt deen awer gewiesselt ginn, a samschdes konnte se sech a schwierege Bedingunge mat hirem Ford Fiesta R200 vu Plaz 53 op Plaz 29 no vir kämpfen.
De Bob Kellen an d'Patricia Wanderscheid sinn de ganze Weekend net sou richteg an de Rhythmus komm. De Fiesta R2T fiert sech duerch den Turbo ganz anescht wéi de Fiesta R2, an op de schmierege Strecken ass et him net gelongen de richtege Setup ze fannen. Hie kënnt op Plaz 34 am General an d'Zil a bleift domat awer nach virun enger Partie méi staarken däitschen Equipagen, déi Heemvirdeel bei der Saarland-Pfalz Rallye haten.
Den Yves Kremer an de Georges Goedert waren nees mam klenge Peugeot 106 um Depart. Si hate siichtlech vill Spaass op an nieft de Speciallen. Si bréngen den 106 awer ouni eppes futti ze maache bis op d'Arrivée, a freeë sech iwwer Plaz 40 am General, bei 84 Autoen déi gestart waren.
Domat hunn all d'Lëtzebuerger Equipagen bei dësem Rallye d'Arrivée gesinn, wat ee bei just 48 Equipagen am Zil net vu jidderengem behaapte kann.
Nächste Rendez-Vous ass den 2. an 3. Abrëll beim Rallye des Ardennes an der Belsch.
Text: Andy Brücker / Fotoen: Henri Schwirtz & Mathias Kaiser