Ce site utilise des cookies pour simplifier et améliorer votre utilisation et expérience de ce site Web. Les cookies sont des petits fichiers texte enregistrés sur l'appareil que vous utilisez pour accéder à ce site Web. Si vous ignorez ou fermez ce message et continuez de naviguer sans désactiver les cookies dans les paramètres de votre navigateur, nous assumons que vous consentez à notre utilisation des cookies sur ce site Web. Pour plus d'informations sur notre utilisation des cookies, veuillez consultez nos conseils d'utilisations et notre déclaration de confidentialité.

Soirée du Sport Automobile 2016 vum 21. Januar 2017

Publié le 23/01/2017

Soirée du Sport Automobile 2016 vum 21. Januar 2017
Automobile
Den 21. Januar 2017 gouf zu Munneref am Casino 2000 traditionell den ACL Gala fir d'Automobilsportler organiséiert.

Nieft de Laureaten, hate sech och vill aner Frënn vum Automobilsport hei versammelt, fir op Invitatioun vun der Commission Sportive vum ACL e flotten Owend zesummen ze verbréngen.  

Duerch den Owend gefouert huet de Paul Christ. Nodeems de President vun der Commission Sportive, de Lucien Franck, d'Lauréaten an d'Gäscht wëllkomm geheescht huet, goufen dann als éischt d'Karting-Pilote geéiert. De Kartsport ass dacks den éischte Kontakt mam Automobilsport fir zukünfteg Piloten aus dem Bierg-, Circuit- oder Rallyesport. Dofir wäert de Karting och weiderhin eng wichteg Roll an de Pläng vun der Commission Sportive spillen.

Lëscht vun de Laureaten

Am Laf vum Owend, goufen no klengere Pausen, wou ee sech de kulinaresche Rafinesse konnt widmen, no an no d'Gewënner vun den diverse Championnater am Slalom, Biergcourse, Circuit a Rallye fir hir gutt Leeschtungen ausgezeechent. 

Net vergiess goufen natierlech och d'Ecurien, déi d'Coursen hei am Land organiséieren. Et ginn der leider ëmmer manner, dofir ass et der Commission Sportive ëmsou méi wichteg, hinne fir hir Aarbecht merci ze soen.

Um Enn vum Owend gouf et dunn nachemol richteg spannend. Et goung nach drëm den "Autosportler vum Joer 2016" bekannt ze ginn. Et gouf en Online-Voting opwww.aclsport.lu, wou jidderee sengem Favorit seng Stëmm konnt ginn. Bei déi Stëmme, koumen dunn nach déi vun de Vertrieder vun der Commission Sportive, an déi vun de Membere vun der Journalistevereenegung LMWA (Luxembourg Motorsport Writers Association) derbäi.

Grousse Gewënner war hei de Steve Fernandes, den sëch no 2010 fir déi zweete Kéier den Titel an der Lëtzebuerger Rallye-Meeschterschaft geséchert huet. Och nach um Podium vum Autosportler vum Joer waren de Rallye-Equipage Jacques Gregorius/Andy Brücker, firum aktuelle Biergchampion an der Kategorie 1 Canio Marchione.

No dem offiziellen Deel gouf dunn an engem gemittleche Kader nach vill iwwert den Automobilsport diskutéiert a philosophéiert, an den Owend gouf an enger gutt gelaunter Ambiance ausklénge gelooss.

D'Impressiounen vun deem flotten Owend fannt dir hei:



Vers le haut