Ce site utilise des cookies pour simplifier et améliorer votre utilisation et expérience de ce site Web. Les cookies sont des petits fichiers texte enregistrés sur l'appareil que vous utilisez pour accéder à ce site Web. Si vous ignorez ou fermez ce message et continuez de naviguer sans désactiver les cookies dans les paramètres de votre navigateur, nous assumons que vous consentez à notre utilisation des cookies sur ce site Web. Pour plus d'informations sur notre utilisation des cookies, veuillez consultez nos conseils d'utilisations et notre déclaration de confidentialité.

P12 fir den Dylan Pereira zu Hockenheim

Publié le 01/08/2016

P12 fir den Dylan Pereira zu Hockenheim
Automobile
De Weekend vum 29.-31. Juli ass um Hockenheimring am Kader vum Grousse Präis vun Däitschland de 6. Laf fir de Porsche Mobil 1 Supercup gefuer ginn. Um Enn gëtt den Dylan Pereira de gudden 12.


No senger gudder Performance virun enger Woch zu Budapest um Hungaroring, wou just eng Zäitstrof wéinst „Verloosse vun der Streck“ eng besser Placéierung verhënnere konnt, ass den Dylan super motivéiert op Hockenheim gefuer.

Bei senger Ekipp dem MOMO-Megatron Team Partrax koum dës Kéier de Jaap van Laagen um Auto vum Ben Barker zum Asatz. Lescht Joer konnt den experimentéierten Hollänner z.B. zu Monaco d’Pole Position an d’Victoire vun der Course markéieren.

Am fräien Training e Freideg konnt den Dylan sech op Platz 11 vu 26 klasséieren, 3 Positiounen hannert dem Jaap van Laagen (+0,247 Sekonnen).

Am Qualifying vum Samschdeg ass et ongeféier d’selwecht gelaf, um Enn spréngt fir den Dylan déi 13. Platz eraus, eng Positioun hannert sengem hollänneschen Teamkolleg (+0,083 Sekonnen). Déi zwielef éischt Pilote loungen dobäi alleguerten innerhalb vun enger Sekonn, wat de Niveau vun dëser Serie nach eng Kéier ënnersträicht.

Op engem Circuit wou et iwwerdeems ganz schwiereg ass fir ze iwwerhuele gëtt den Dylan an der Course um Sonndeg um Enn de gudden 12. an och fir déi insgesamt drëtt Kéier des Saison den drëttbeschte Rookie.

No e puer Deeg Vakanz sti fir de jonken Nowuesspilot den 10./11. August Tester zu Spa-Francorchamps un éier dann um selwechte Circuit vum 27.-29. August am Kader vum Grousse Präis vun der Belsch de 7. Laf vum Porsche Mobil 1 Supercup um Programm steet.



Vers le haut