Traffic information
Follow the traffic situation in Luxembourg in real time.
Accidents, roadworks, traffic disruptions and traffic conditions: all the latest mobility information to help you plan your journeys with ACL.
Live from the ACL Traffic studio
30/10/26 18:27
CITA: Weekendchantier op der A3 am Echangeur Léiweng. D'Brëtelle vum Echangeur Léiweng (also all d'Aus- an d'Opfaarten) si vun den Owend 21.00 Auer bis Méinde 04.00 Auer moies gespaart. Donierft ass d'N31 ënnert der Autobunn tëscht Léiweng a Beetebuerg och zou. Deviatiounen si gezeechent.30/10/26 14:13
ANF: Klappjuegten den 31. Oktober 2026 am Raum Käerjeng, Dippech, Reckeng/Mess, Schengen, Biwer, Manternach, Waldbëlleg, Bauschelt, Préizerdaul, Iernzdall, Kiischpelt, Wuermer, Esch/Sauer, Wanseler, Géisdref, Biekerech a Parc Housen. Oppassen. Lues maachen.30/10/26 13:46
VDL : Wéinst Aarbechten ass de boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg vum 31.10.2026, 19h00 bis den 02.11.2026, 04h00 tëscht der rue Charles-Léon Hammes an der avenue J.F. Kennedy fir den Trafic gespaart.30/10/26 13:44
VDL : Wéinst Aarbechten ass d'rue Cents tëscht der rue op der Heed an der Alleé du Carmel um Cents vum 31.10.2026, 05h30 bis den 01.11.2026, 12h00 fir den Trafic gespaart.30/10/26 13:38
VDL : De Val des Bons-Malade (Sichegronn) tëscht dem Pafendall an dem Kierchbierg ass wéinst Aarbechten vum 31.10.2026, 06h00 bis den 03.11.2026, 16h00 fir den Trafic gespaart.30/10/26 05:45
VDL: Wéinst engem Chantier ass den Tunnel René Konen (Tunnel Saint-Esprit) an der Stad vun den Owend 22:00 bis muer de Moie 05:00 vir de Verkéier gespaart.30/10/26 05:11
P&CH: Wéinst engem Chantier ass den CR102 (Rue de Keispelt) zu Kielen vun der Haaptkräizung u bis bei de Katrewang vum 31 Oktober 07:00 bis de 07 November inclus fir de Verkéier gespaart.30/10/26 05:11
P&CH: Wéinst engem Chantier ass den CR101 tëscht Koplescht a Schëndels vum 31. Oktober 8h bis de 7. November 17h fir de Verkéier gespaart.30/10/26 05:10
Gemeng Suessem : Wéinst Aarbechten ass d'rue de l'Usine zu Bieles vum Samschdeg, den 31. Oktober, um 7.30 Auer, bis Sonndeg, de 15. November 2026, géint 10 Auer fir de Verkéier gespaart.30/10/26 05:10
Gemeng Réiser: Wéinst engem Chantier ass d'Kräizung vum CR157 an der Rue de Bivange zu Réiser vum 31 Oktober bis den 8 November komplett fir de Verkéier gespaart. Deviatiounen si gezeechent. (Peppeng– Léiweng – Bierchem - Béiweng)30/10/26 05:10
Gemeng Diddeleng: Wéinst engem Chantier ass d'Route de Noertzange tëscht den Haiser Nr.8 an Nr.21 (Place Gymnich) vum 31. Oktober 7h bis de 7. November 18h komplett fir de Verkéier gespaart. (Den Accès ass iwwer d'Rue An der Soibelkaul respektiv d'Rue Am Weierchen méiglech.)30/10/26 06:38
MMTP: De Chantier um CR137 tëscht Gréiwemaacher a Munzen gëtt bis viraussiichtlech Enn Juli 2027 verlängert. Sou laang bleift d'Streck dann och gespaart.30/10/26 06:33
Gemeng Conter: Wéinst engem Chantier ass d'N2 tëscht Sandweiler a Mutfert vum 02 bis de 07 November. Deviatiounen si gezeechent a lafen iwwer Éiter.
With Ana, you get real-time traffic information, traffic forecasts and up-to-date roadworks reports
